Windsurfcamp vun eisen zwou Sportklassen 5m8 & 5m9

Direkt no der Päischtvakanz si mir op eise Windsurftrip an Holland « Brouwersdam » gefuer. Fir déi meescht war et déi éischte Kéier op engem Surfbriet, mee dat huet ee kengem ugemierkt. No enger theoretescher Aféierung a puer Trockenübungen, ass et och schonn direkt op d’Mier gaangen. Schonn no puer Versich sinn eng ganz Rei Schüler duerch d’Bucht gefuer wei wann et selbstverständlech wär. All Dag hate mir ee Windsurfkur wou mir no an no d’Technike vum « Wenden », « Anluven » a « Abfallen » geléiert hunn. Niewent dem Surfen hunn mir nach eng Rei aner Saache gemaach, wei Beachvolleyball, Minigolf, eng Visite vun Antwerpen fir just e puer Aktivitéiten opzezielen…. Am Video kritt een eng kleng Impressioun wat fir eng flott Zäit mir zesummen erlieft hunn.

Back to Top