Surfstage um Brouwersdam 2017

Sonndes den 28. Mee ass et mat eisen zwou 5ième Sportsklassen an Holland gaangen. Bei sonnegem Wierder konnte mir eis no der Busfaart um Strand ausrouen. Am Nomëtte konnte mir endlech an eis idyllesch Strandlodges anzéien. Bei gudde Wiederbedingunge stoung all Moies Windsurfing um Programm an eis Proffen hunn sech all Dag nei Aktivitéiten afale gelooss. Vun Beachvolleyballturnéier iwwer Aquathlon, SUP, Quizowend bis Erlebnisbad am Center Parcs hate mir e ganz ofwiesslungsräiche Programm. E groussen Highlight war de Waterjump. Doniewent konnte mir eis och am Mier austoben, Kriibse fänken an och deen een oder anere Sonnenënnergang genéissen. Verschiddener hunn d’Méiglechkeet genotzt hire Schäin am Windsurfing ze mann. 

 

Et war eng Woch mat ganz ville positiven, schéinen an onvergiesslechen Erfarunge fir eis all.

Back to Top