Schoulschachtournoi « Challenge LTB »

ChessLmrl3klengDen Donneschden, den 30. Abrëll huet t’Equippe vum Lycée Michel-Rodange mat dem Bob Schreiner, Pit Reiff, Tony Wang, an dem Maxime Cid, um Schoulschachtournoi « Challenge LTB » Deel geholl. Dësen Tournoi gouf fir déi drëtte Kéier am Lycée Technique Bonnevoie ausgedroen, an et si 50 Schüler aus siwe Schoulen ugetrueden.

An der Mannschaftswertung huet t’Equippe aus dem LMRL t’Coupe fir déi zweete Plaz gewonnen, hannert dem Stadter Kolléisch op der éischter Plaz, a virun dem Lycée de Garçon Esch op der drëtter.

An der Eenzelwertung huet de Pit Reiff aus dem LMRL den zweete Plaz beluet, hannert dem Ivan Lopez Popov aus dem Kolléisch, a virun dem Tanguy Meisch aus dem Lycée de Garçon Esch.

De Bob Schreiner huet doniewent nach eng Medaille kënne mat Heem huelen als de beschte Spiller ënnert 15 Joer mat Lizenz, an de Maxime Cid krut eng Medaille fir déi drëtte Plaz ënnert den net lizenséierte Spiller.

Back to Top