Regatta – Sailing Schools an der Baie de Quiberon

Dëst Joer huet déi zweet Editioun vum Segelevent Regatta – Sailing Schools an der Baie de Quiberon an der Bretagne stattfonnt. Am ganzen hunn 9 Schoulen op 26 Booter un der Regatta deelgeholl, wouvunner den LMRL mat 4 Booter vertruede war.

Dëst Evenement get vum GLCR (Groupe luxembourgeois de la croisière et de la régate) an Zesummenaarbecht mat der FLV (Fédération Luxembourgeoise de la Voile), dem SNJ (Service Nationale de la Jeunesse) an dem Ministère des Affaires Étrangères organiséiert.

D´Ziel ass, de Schüler en Abléck an de Segelsport ze ginn, sou wéi hinnen och ze weisen, wéi eng Regatta funktionéiert.

Sonndes, 16. Abrëll ass et owes mam Bus zu Lëtzebuerg fortgaangen. Méindes Moies gouf nach an engem Hotel Kaffi gedronk, éieren et dann op Trinité-sur-Mer gaangen ass, wou d´Schüler vum Comité de Course emfaange ginn ass. D´Gruppen hunn dunn emol d´Gepäck op d´Booter bruecht an dunn ass e grousse Camion komm, den d´Iessen fir déi ganz Woch geliwwert huet. Och dat huet dunn emol missen an de Booter verstaut ginn.

Méindes Mëttes ass dann och schonn eng eischte Kéier mat de Booter eraus aus dem Hafen op d ‘Mier gaangen, fir sech mat de Booter vertraut ze maachen. Vun de Skipper gouf et éischt Tipps, wéi eng Regatta ofleeft. Owes gouf et dann en typescht bretonescht Mulleniessen an engem Restaurant.

Och Dënschdes gouf virun allem trainéiert, fir dat all Member vun enger Équipe genau weess, wat ze dinn ass.

“Mega Wieder, mega Leit an eng mega Atmosphère hunn déi ganz Woch einfach erëm zu enger onvergiesslecher gemaach. Organisatoresch war et dëst Joer och nach vill besser an et huet einfach nëmmen Spaass gemaach. Ëmmer erëm gären dobäi.” (Luca Emering)

Vun Mëttwochs bis Freides ass et dann drëm gaangen, dat déi 26 Booter an Regatta-Coursen géinteneen ugetruede sinn an dat ëmmer nach bei beschte Segelkonditiounen an bloem Himmel.

« D’Regatta 2017 war fir mech eng ganz flott Erfahrung. Et leiert een net nëmmen den Segelsport kennen, mee et mécht een och vill Bekannschaften an et entdeckt een flott Uertschaften. Um Boot ze sinn an ze entdecken, wéi een segelt ass immens interessant, sou wéi et spannend ass, während der Course/Regatta ze fueren an ze probéieren aner Booter ze iwwerhuelen. Mier haten Gléck dass mer sou en gutt Wierder haten, fir dat een sech dann no der Course och mol gemittlech op Boot leeën an mat der Sonn am Gesicht relaxéieren konnt.” (Lesley Spedener)

Freides owes gouf dunn an aller Rou d´Segelwoch ausklénge gelooss, well um 23:00 ass de Bus erëm gefuer fir op heem op Lëtzebuerg.

“D´Seegelen huet eis super gutt gefall! Mir woren positiv iwwerrascht an haten och immens Chance mam Wieder. Trotz klengen Komplikatiounen, wéi dat eisen Dësch emgefall ass, wor alles gutt organiséiert an nächst Joer wäerten mer erëm dobäi sinn”. (Claire Thull, Allessandro Orellana, Julien Bast, Céline Donven)

Gewonnen huet iwwerengens en Team aus dem Lycée Vauban. Eis Equippen aus dem Lycée Michel-Rodange sinn op déi 12., 19., 21. an 23. Platz komm (hei ass dat ganzt Klassement ze fannen: https://www.regatta.lu/resultats-2017/).

Back to Top