Projet d’établissement

Ausgangsidee

An der Charta vun eisem Lycée steet geschriwwen: „Selwerbestëmmt erschaffen, vu Wëssen dat ass top”.

Fir des Selbstbestëmmtheet ze fërderen, wëlle mir an dësem Projet eis jonk Fiissercher doranner ënnerstëtzen, fir méi autonom a responsabel ze ginn, an se z’ermonteren och mol selwer d’Initiative ze ergräifen.

Bei eis am Lycée gëtt et scho vill flott Projeten, wéi d´Fuussendeeg, de Fuusserallye, Theater, de Spektakel, Sport, MEGA-Club asw. Be CreActive – Make a Change setzt sech zum Ziel, fir nach méi Synergien ënnert deene Projeten hierzestellen.
“De Fuuss ass engagéiert, setzt sech fir anerer an”, dowéinst soll de Fokus op der Nohaltegkeet, Ëmweltthemen, sozialen a kreative Projete leien.


Ëmsetzung

Fir eis Zieler ëmzesetzen, huet de Groupe de Pilotage vum Projet d’établissement sech fir verschidde Virgoensweisen entscheet, déi awer all matenee verbonne sinn:

CreAct-Klassen:

o Dës Klasse vu 7e & 6e hunn eng bis zwou
Wochestonnen, wou se zesumme mat zwee
Enseignanten Projete plangen, ëmsetzen a
presentéieren.
o An der Optioun 3e-iCreAct kréien d’Schülerinnen d’Méiglechkeet eegestänneg an autonom Projete ze plangen an ëmzesetzen.

• Projets-Büro:

o D’Schülerinne vun alle Joergäng kennen an dëse Büro kommen, wann se Loscht hunn, selwer e Projet ze realiséieren, awer Ënnerstëtzung bei der Realisatioun brauchen
o Am Laf vum Projet d’établissement sollen hei Materialien ugeschaaft an erstallt ginn, déi d’Enseignanten sech kennen ausléine kommen, wann se mat Schülerinne Projetsaarbecht plangen (z. B. Toolbox mat pedagogeschem Material)

• Formatiounen/ Workshops o Fir d’Schülerinnen:

o An ënnerschiddleche Workshops sollen se verschidde Beräicher kenneléieren, wou se sech selwer engagéiere kennen.
o Fir Enseignanten: An dëse Formatioune soll d’ Léierpersonal d’Méiglechkeet kréie Methode fir Projetsaarbecht mat Jugendleche kennenzeléieren.

De Projet d’établissement gëtt geleet vum:

Iewescht Rei: Carmen Scholer (attachée à la direction), Claire Simon (directrice adointe), Elodie
Decker, Sandra Galli, Toinon Schmit (cheffe de projet), Laurence Baum (cheffe de projet) Ënnescht Rei: Jean-Claude Hemmer (directeur), Patrick Brücher, Paul Weber
Feedback a Froen kënnt dir un becreactive@lmrl.lu schecken.

Als PDF erof lueden:
Be-CreActive-Artikel-Site.pdf

Projetsbüro

De Projetsbüro riicht séch un all Schüler*Innen, déi motivéiert sinn, fir selwer e Projet an der Schoul op d’Been ze stellen an sech z’engagéieren.
Dir kënnt mat ärer Idee bäi eis kommen a mir kucken, ob a wéi mer iech dobäi ënnerstëtze kënnen, fir dass dir äre Projet kënnt ëmsetzen.

Wou fannt der eis?

Hannert der Loge, nirwend dem Sekretariat

Wéini kann een dohinner kommen ?

Ëmmer méindes an der Mëttspaus vun 11:45-13:25
oder
mellt iech iwwert Teams bäi de responsabelen Enseignanten:
Toinon Schmit & Sandra Galli

Back to Top