Option Biotechnologies fir Schüler vun 2e

 Biogas – eng alternativ Energiequell!

 

Am Kader vun der Optioun Biotechnologie haten d’Schüler vun der 2e en Dënsteg den 3. Mäerz d’Geleeënheet eng Biogasanlag kucken ze goen, an sech iwwer alternativ Energieproduktioun ze informéieren. Momentan beschäftegen sech d’Schüler an hirem Optiounscours mat dem Thema ‘Biomasse- nachwachsende Energie’. Biomasse ass gespäichert Sonnenenergie an huet als Energieträger vill Virdeeler: Sie ass erneierbar, wäitgehend CO2 – neutral, biologesch schnell ofbaubar a schount fossil Rohstoffer (Petrol, Kuel en Erdgas). Petrol ass jo eigentlech vill ze wäertvoll, fir als Verbrennungsmaterial geholl ze ginn.

Bei Fluessweiler um Buchholzerhaff produzéiert de Betrib BIOMAN an hirer Biogasanlag, 500kW/St elektresch Energie aus organeschem Material. Dëst staamt aus hirem landwirtschaftleche Betrib selwer (Mëscht, Gülle, Maïs …),  an aus ‘Offall’ vu Gemengen, Supermarché a Schoulkantinnen, dorënner och d’Kantin vum LMRL!

 

Back to Top