Ökologesch Sortie vun der 3C1 op Kalbermillen

Den Mëttwoch, den 24. Mai 2017, ass 3C1 fir eng ökologesch Sortie op Kalbermillen an d’Ourdall gefuer. Kalbermillen ass een Emweltschutzzentrum fir Schoulklassen deen vun der Stëftung « Natur & Ëmwelt » bedriwwen gët. Sie enthält awer och eng Opzuchtstatioun fir vum Ausstierwen bedreeten Baach- an Flossperelmuschelen. Begleet gouf d’Klass vun hirer Regente, der Madame Blanche Wingert an dem Här Max Olinger.

D’Schüler hunn fir d’éischt eng biologesch an chemesch Analyse vun der Our duerchgefouert fir d’Waasserqualitéit vun der Our ze bestëmmen an sinn dono d’Opzuchstatioun fir Flossperelmuschel an d’Baachmuschel kucken gangen. Dës Muschelen, déi ët nach ganz oft am leschten Joerhonnert an den Baachen gi sinn, sinn nëmmen nach an der Our ze fannen. Awer och do ass den Bestand um Ausstierwen. D’Opzuchtstatioun probéiert deem entgéintzewierken andeem kleng Muschelen erugezicht ginn, bis se âl an kräfteg genuch sinn fir se nees an d’Our auszesëtzen, sou dass sech hiren Bestand nees erhuelen kann.

Nô engem Picknick an der Natur ass d’Klass dunn én Deel vun der Natour-Route 1 vun der Kalbermillen bis an den Dräilännereck gaangen. Op dësem Wé laanscht d’Our hunn sie sech déi verschidden Liewensraim vun deels seelenen Déieren an Planzen ugekuckt souwéi och d’Moossnamen déi geholl gi sinn fir Qualitéit vun der Our als Liewensraum ze verbesseren.

Back to Top