Michel Rodange

Méchel-RodangeMichel Rodange naît à Waldbillig, le 3 janvier 1827. Il fréquente l’école primaire de son village natal, puis poursuit ses études auprès du vicaire de Michelbouch et exerce dans ce village rural le métier d’instituteur-remplaçant. Il est admis en 1845 à l’Ecole Normale à Luxembourg où il poursuit ses études d’instituteur.
Après avoir décroché son diplôme, il est nommé successivement instituteur à Steinsel, puis à Larochette. C’est lors de son séjour à Larochette qu’il commence à rédiger des poèmes en langue allemande, poèmes qui décrivent la nature et la joie de vivre.
En juillet 1859 il met fin à ses activités d’instituteur et passe un examen-concours pour l’admission au poste de piqueur-cantonal. Il quitte Larochette avec sa famillle et va habiter à Echternach, à Capellen, Koerich et Wiltz où il commence la rédaction du „Rénert“.
Ce livre est publié en 1872 sous le titre de „De Rénert oder de Fuuss am Frack an a Mansgre‘sst“. Poème satirique, le Rénert ne connaît pas de succès retentissant puisque les intellectuels luxembourgeois susceptibles de saisir le message du poète se sentent vexés: gens d’Eglise, des finances, du monde politique ….. . Mais Rodange n’abandonne pas; peu après il écrit une pièce de théâtre, „Dem Grow Sigfrid seng Goldkuommer“.
En 1873 il donne sa démission comme fonctionnaire de l’Etat et il s’engage comme conducteur des travaux auprès de la société chargée de la construction de la ligne de chemin de fer „Prince Henri“ qui longe la Sûre. Rodange s’installe alors à Echternach où il rédige une chronique de son village natal de Waldbillig ainsi que le poème „Dem Leweckerchen säi Lidd“. Peu après il est muté à Luxembourg où il surveille le démantèlement de la forteresse de Luxembourg. Mais son état de santé est fragile; la maladie qui le fait souffrir depuis des années – un ulcère de l’estomac – s’aggrave et il meurt le 27 août 1876 dans sa maison à Clausen. Il est enterré au cimetière St. Nicolas à Limpertsberg.

De Rénert

 

Wat ass dat fir eng Geschicht?
Fabelen iwwert raffinéiert Fiiss, déi sech ewéi Mënsche behuelen, verzielen d’Leit sech zanter Joerdausenden.
Dem Goethe säin „Reineke Fuchs » bruecht d’Fuussefabel als politesch Satir a Moud. Déi Zäit konnt een net alles schreiwen, wat ee geduecht huet, an dofir huet een Déiere schwätze gelooss. Dem Méchel Rodange seng éischt grouss Leeschtung wor et, datt en de Goethe net iwwersat, ma eppes Eegenes, eppes Neits geschaf huet.
De Rodange huet op seng Sprooch opgepasst. En hat Spaass mat der Aart a Weis, wéi d’Vollek friem Vokabelen esou laang geknat huet, bis se koppeg lëtzebuergesch geklongen hunn. Dobäi schwätzen eng Partie Déieren Éisleker, lechternacher, Veianer, Miseler, Stater.. Och munnech Gebräicher a Gewunnechte gi geännert, esou datt se an eis Géigend passen. Op 67 Lëtzebuerger Dierfer a Plaze gëtt déi auslännesch Fabel festgeneelt. Just bis an d’Minettsgéigend verlafe sech de Rodange an de Rénert net.
De „Rénert“ besteet aus 14 Gesäng, en ass gereimt an all Strof huet véier Versen.

Schreifweis vum Méchel Rodange:

17 A wann och kee gëw fehlen,
Dad wir dem Kinnek lëw:
Wien hätt geduecht dat Renert,
De Fuuß, ewäch do blëw?

21 Dien haat e bëst Gewessen,
Dad scheit den hälen Daag;
Ze goo bei all di Hären,
Dad war net senger Saach.

Schreifweis vun haut:

17 A wann och kee géif feelen,
dat wier dem Kinnek léif.
Wien hätt geduecht, datt Rénert,
de Fuuss, ewech do bléif?

21 Dien hat e béist Gewëssen,
dat scheit den hellen Dag,
ze go bei all di Hären,
dat war net senger Saach.

De „Rénert »‘ huet sech schlecht verkaft, bestemmt well hien mam Fanger drop gewisen huet, wéi d’Vollek ugeschmiert an ausgenotzt gouf. D’Uschmieren an d’Ausnotzen, dat huet kee genéiert. Ma fir mam Fanger op een ze weisen, dat gouf fir onmanéierlech gehalen. Dofir war de „Rénert » laang vertuscht ginn.

nom Romain Hilgert

Back to Top