Matt den „Amis du LMRL“ ënnerwee…

Wéi et scho  bal Traditioun ass, organiséieren d’Amis all Joer en Ausflug fir hier Memberen.

Eise President, de Carlo, hat eis dëst Joer op Nidderkäerjeng entfouert. 18 Kolleginnen a Kollegen haten sech samstes de 6.Mee 2017 virun der Brasserie Nationale afonnt. Mir kruten an der Brauerei Bofferding eng flott Visite vun anerhalwer Stonn gebueden.

Mir goufen durch déi héich modern Anlage gefouert, wou mir alles iwer Happ a Malz erfure konnten. Besonnesch interessant war gewuer ze ginn, wéi sech d’Brauerei matt Waasser versuergt, wou hier Zoutaten hierkommen a wéi de Recyclage an der Naturschutz fonktionnéieren. Dobäi gouf et och nach eng Béierdrëpp ze schmaachen.

No der Visite si mir an de Restaurant vun der Brasserie agefall, fir eis et bei Choucroute, Saumon asw. gudd goen ze loossen. Natiirlech gouf et och eng Degustatioun vun Bofferdenger a Battin-Béieren.

D’Stëmmung war prima, a mir hunn eis gefreet neess matt ville gudde Kolleginnen a Kollegen zesummen ze sinn.

No dem Iesssen hu sech e puer sportlech Memberen nach zu engem Trëppeltour durch d’Géigend opgemach.

Alles an allem war et e schéinen Dag, de secher derzou bäigedroen huet, d’Kontakter an eisem Grupp nei ze beliewen.

Rob Zeimet

 

Back to Top