Lycée

De Lycée Michel-Rodange ass e reng klassesche Lycée mat am Moment ongeféier 1400 Schüler verdeelt op bal 60 Klassen. Den LMRL ass 1968 opgaangen an zanter 1972 an engem eegene Gebai. Säit dem September 2021 si mir zréck an dësem Gebai dat wärend 4 Joer renovéiert a substantiell vergréissert gouf.

Eis Schoul ass an der Stat zu Märel-Belair um  Campus Geesseknäppchen wou och nach aner Lycéeën sinn an de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg. Op eisem Schoulcampus si mir deen eenzege Lycée classique mat engem Horaire dee Méindes bis Freides jeeweils vun 8h bis 14h15 geet, mat 55 Minutte Mëttespaus. Deen Horaire kënnt besonnesch deene Schüler ze gutt, déi sech ausserhalb vun der Schoul engagéieren, well hinnen bleiwen nomëttes genuch Méiglechkeete fir deenen Aktivitéiten nozegoen.

D’Gréisst vun eisem Lycée mécht et méiglech, dass mir eise Schüler ee villfältegt Angebot offréiere kënnen.  Mir bidden hinne vill Méiglechkeeten, mee mir loossen de Choix. Ee Schüler dee méi wëll, gëtt vun eis encouragéiert an ënnerstëtzt, an een, dee just den normale Programm wëll maachen ass awer genau esou wëllkomm. Mir dränge keen an eng bestëmmte Richtung, mee mir hëllefe jiddwerengem, säi perséinleche Wee ze fannen. Eisen Atout sinn eis Beméiungen, all Schüler méiglechst differenzéiert ze begleeden.

D’Schwéierpunkte vun eisem Plan de Développement scolaire sinn de Bien-être, d’Communicatioun, d’Autonomie vum Schüler an neierdéngs och den Développement durable. Zemools op deem Gebitt erginn sech an eisem neie Gebai eng Rei Méiglechkeeten: Beien an e pedagogeschen Gaart um Daach, , eng grouss photoelektresch Anlag um Dach, Renaturéierung vu versigelte Surfacen.

Eis pedagogesch Projets’en

E ganz grousse Succès hu säit elo schonn säit dem Joer 2013 eis Sportsklassen. Net manner wéi 3 vun eisen 11 Septièmen vun dësem Joer si Sportsklassen. Si hunn an hirem Programm eng Stonn Sport méi wéi déi aner Klassen a geleeëntlech Nomëttegaktivitéiten, déi fir si reservéiert sinn. Op 6e, 5e a 4e maachen si all Joer e Sportstage vun enger Woch am Ausland, mat de Schwéierpunkte Ski, Surfen a Rafting. D’Sportsklassen profitéieren säit dësem Joer vun eiser grousser fonkelneier Sportshal. Et ass natierlech och flott, dass mir eng grouss Piscine direkt um Campus hunn.

Mir organiséieren zanter 2012 och fir all Joergang vu 7e bis 4e eng Museksklass, déi Schüler usprécht mat Erfahrung am Beräich Musek oder Gesank. Och si wäerten vun eisem neie Gebai profitéieren. Eisen neie Festsall bitt ideal Viraussetzungen fir ze prouwen a virun engem grousse Public opzetrieden.

Ausserdeem bidde mir op enger Rei Klassen eise Schüler een iPad als zousätzlecht Aarbechtsinstrument un. Eiser allgemenger Philosophie no bidde mir de Schüler op 7e de Choix, ob si an esou eng Klass wëlle goen oder net.

Spéitstens ab 4e kréien eis Schüler awer alleguerten een iPad.

Bäi der Umeldung huet een d’Méiglechkeet unzefroen, fir an esou eng Profilklass ze kommen oder eng Klass mat dem Standardprogramm. Landeswäit wäert ab dësem Hierscht op all 7e dat neit Fach “sciences numériques” um Programm stoen. Op 5 Klassen hate mir dëst Fach schonn dëst Joer am Kader vun engem Pilotprojet organiséiert, esou dass eis Enseignants’en wäertvoll Erfarungen op dem Gebitt sammele konnten.

Op 6e hu mir säit 2 Joer een neie Projet lafen, an deem déi Schüler, déi Latäin wielen och schonn op 6e een Zougang zum Englesche kréien (an anere Schoulen hunn d’Latinisten eréischt Englesch ab 5e).

Op der 4e gëtt et säit dësem Schouljoer d’Fach Lëtzebuergesch op alle Klassen. Fir dass et net bäi dësem enge Cours bleiwe muss, hunn d’Schüler aus dem Lycée Michel-Rodange ab dësem Hierscht d’Méiglechkeet op alle Sektiounen e Lëtzebuergeschcours ze wielen vun 3e bis 1re.

Op der 3e bidde mir grondsätzlech all etabléiert Sektiounen un wéi Sproochen, Mathematik, Naturwëssenschaften, Economie Konscht, a Sciences sociales. Als weider Méiglechkeete kann all Schüler ab 3e eng zousätzlech Sprooch wielen, dat sinn niewent Lëtzebuergesch – dat elo nei dobäi wäert kommen –  am Moment schonn Spuenesch, Italienesch a Chinesesch. Dëse Cours ass op der Sproochesektioun een Haaptfach, dat bis 1re an och am Examen obligatoresch ass. Op den anere Sektiounen huet de Schüler d’Méiglechkeet, mat der neier Sprooch opzehalen oder awer weider ze fueren an eng aner Sprooch ewech ze loossen bis op 1re.

Fir Schüler, déi spéider wëllen Architektur studéieren, bidde mir op der Konschtsektioun d’Méiglechkeet e méi staarke Mathematikscours ze beleeën.

Mir encouragéieren eis Schüler awer och un eise sportlechen, kulturellen a sozialen Projeten deel ze huelen an dat och schonn a jonke Joren. Fir déi méi Grouss hu mir och méi politesch Projeten an Austausche mat europäesche Partnerschoulen um Programm.

Back to Top