LMRL-Schüler um Wee op eng MUN-Konferenz an der Slowakei

7 Schüler aus dem YEL-Club reesen am Kader vun eisem europäeschen Projet Erasmus+ vum Mëttwoch 29.März bis de Méinden 3. Abrëll op Zilina an der Slowakei.

Miguel Ghzal (2G2),Filipe Peixoto (2G2), Félix Hédo (2C1),Madeleine Schmit (2B2),Lesley-Ann Spedener (3D1),Alessandro Orellana (3C3)an de Moritz Ruhstaller (3C1)

huelen un enger MUN (Model United Nations) Konferenz deel, dei vun eiser langjähreger slowakescher Partnerschoul zu Zilina organiséiert gett. Begleet ginn se dobäi vun der Mme Sandra Droste a Mme Sandra Galli.

Des Kéier huelen 5 Schüler un der englescher ZaMUN an 2 Schüler un der franséischer FracMUN Konferenz deel a representéieren dobäi Frankräich a Pakistan. Sie diskutéieren iwwert aktuell Problemer wéi Finanzéierung an Propaganda vun islamisteschen Terrorganisatiounen mat Hëllef vum Internet a sozialer Netzwierker, Genitalverstümmelung, de Status vum Tibet an Problematik vun Reliounsfräiheet etc.

Back to Top