LASEL: HANDBALL Jeunes Gens Seniors

Den 10. November waren mir zu Mamer um LASEL Handball Tournoi.

1-custom

An der Poule A hunn mir géint de LAML an de LCD gespillt. Deen éischte Match hätte mir kloer misse gewannen, allerdéngs hunn mir do verschlof an hunn eng Zäitche gebraucht bis mir an de Match fonnt hunn. Leider ass eng Spilldauer vun 10 min pro Match ze kuerz fir engem Retard hannendrun ze lafen. Sou hunn mir dëse mat 7:6 verschenkt.
Am zweete Match géint de LCD, déi eng staark Rückraumbombe haten, hunn mir eng Supper Defense gespillt an haten e gudde Réckhalt am Goal. Mat enger enormer Kampfleeschtung hunn mir ganz knapp 5:6 verluer.

Back to Top