Wat sinn d’Fuussendeeg?

D’Fuussendeeg sinn d’Projetsdeeg vum LMRL. Wärend dëse Projetsdeeg hunn d’Schülerinne vu 7e bis 2e kee reguläre Cours, mä si huelen u ënnerschiddleche pedagogeschen Aktivitéiten deel. Dat Ganz fënnt all Joer ënner engem bestëmmte Motto statt, dat och eigentlech de Motto vun all de Projet’en vum jeeweilege Schouljoer (z. B. Liesconcours) soll sinn. D’Fuussendeeg kënnen nëmme funktionéieren, wann eng ganz Schoulcommunautéit hannendru steet a matmécht. Dëst erméiglecht net nëmmen de Schülerinnen d’Schoul „emol anescht“ ze
erliewen, mä och den Enseignanten nei flott Saachen auszeprobéieren an sech anescht fir
d’Schoul ze engagéieren.
Wärend de Fuussendeeg gi folgend Aktivitéiten organiséiert:

  • Charityrun
  • Fuusserallye
  • Beruffsvirstellung
  • Visitten ausserhalb vum Lycée
  • Workshops zu verschiddene Themen am Lycée

D’Schouljoer 2022/23 steet de Lycée Michel-Rodange ënner dem Motto „Modern times“

Download

Wat sinn d’Fuussendeeg?

Back to Top