Ex-LMRL Schüler start innovativ Plattform « Univize »

fir Lycées- an Unistudenten ze hëllefen

 

 

Den Felix Hemmerling war schon ëmmer en engagéierten Schüler, an bestätegt dat mat sengem aktuellem Projet, deen Lycée- an Uni-Studenten Villes mei einfach maachen soll. Den Schüler, deen seng Première 2015 bei eis am LMRL mat der Mentioun „excellent“ ofgeschloss huet, zu Dublin am University College Dublin (UCD) Commerce studéiert an virun kuerzem vun sengem Echange vun Singapur (Singapore Management University) zeréck komm as, huet gemeinsam mat sengem gudden Frënd Kenan Muhovic seng Start-up Univize gegrënnt. Den Kenan as och vu Lëtzebuerg an war am Athénée. Hien mëcht dëst Joer säin Master of Finance op der Erasmus University Rotterdam an Holland fäerdeg.

 

Kenan, 24 Joer jonk (lenks) an Felix, 21 Joer jonk (riets)

 

Zesummen hun déi zwee éiergäizeg Studenten duerch extensiv Gespréicher mat Studenten erausfonnt, dass et net ëmmer einfach as, déi « perfekt » Staat, Universitéit oder den interessantsten Studium eraus ze wielen, an dass et villen Schüler feelt, direkt mat Studenten vun hirem gewënschten Studium oder op hirer gewënschter Uni ze schwätzen. Déi 2 Studenten hun sech als Aufgab gemaach, dësen Problem innovativ ze léisen, well sie sech selwer an dëser Situatioun befonnt hun an wëssen, wei schwéier et kann sinn.

Also hun den Kenan an Felix déi gratis Plattform Univize gegrënnt, wou Lycée-Schüler ganz einfach Uni-Studenten kontaktéieren kennen fir ganz divers Informatiounen, Hëllef, Tipps an Rôtschléi iwwert Studien, Uni an Staat ze kréien.

D’Haapt-Funktioun déi Univize huet as déi folgend (an as och op https://univize.com erkläert):

Engersäits kennen Uni Studenten sech gratis en Profil maachen, wou se hiert Land vun hiren Studien, Universitéit an Studium aginn. Och zousätzlech Informatioun wéi Interessen an Sportaarten kennen se do aginn an eng kleng Beschreiwung iwwert sech selwer.

Anerersäits kennen sech Lycée Studenten och gratis en Profil maachen, an kennen op Univize mat der Hëllef vun 3 Filteren (Land, Universitéit, Studium) no Studenten op hiren Wonsch-Uni’en sichen. Sie kréien hiren Interessen entspriechend déi bescht-treffend Studenten gewisen an kennen déi dann kontaktéieren fir Froen beäntwert ze kréien, wéi zum Beispill « Wéi as d‘Studenteliewen an denger Staat? », « As den Studium wierklech wéi beschriwwen? », « Wéi fannen ech am beschten eng Wunneng? » etc… Dëst garantéiert vill méi qualitativ Informatiounen, direkt vun Studenten anstatt een Prospekt oder Ranking ze liesen.

Ausserdeem as d’Plattform nëtzlech fir Studenten an der jeeweileger Stad kennen ze léieren déi déi selwecht oder ähnlech Interessen hun (onofhängeg vun Nationalitéit an Studium),.

 

Och owes no hiren Stagen (Felix am Private Equity bei der Banque de Luxembourg Investments) an den Aarbechten fir d’Uni (Kenan Finance Master Thesis) gëtt vill fir Univize gebrainstormed

 

Wichteg: (1) Studenten hun keng Obligatioun an sinn zu näischt verflicht, och wann se en Profil maachen. (2) Dat ganzt funktionéiert och fir Bachelor Studenten déi no engem Master Programm sichen!

 

D’Plattform gouf virun en puer Wochen online gesat, woumat den Kenan an Felix hirem Projet Univize säin Gebuertsdag geféiert hun

 

Nach méi Funktiounen ginn grad finaliséiert an am Summer 2017 online gesat, wéi zum Beispill Car-Pooling fir Matfuergeleeënheeten fir op d’Uni Book Exchange fir Leit ze fannen fir Bicher of ze kafen an/oder verkafen, an nach vill méi.

Et as eng Plattform “vun Studenten fir Studenten”, wann dir mengt dat kéint eppes fir iech sinn, dann gitt iech Univize mol ukucken an zéckt net iech anzeschreiwen oder den Felix an Kenan ze kontaktéieren wann dir Froen hutt!

Wéi dat ganzt funktionéiert an nach méi Detailer fannt dir op https://univize.com/ an op hirer Facebook Säit https://www.facebook.com/univizeofficial/.

Univize – Optimizing your university experience.

 

Mat Univize wëllen den Kenan an Felix verhënneren, dass esou vill Leit op der Uni Studien änneren well se net sinn wei erwaart, oder souguer mat der Uni ophalen. Si sinn net nëmmen motivéiert den Studenten hiren Uni-Choix ze verbesseren souwéi ze vereinfachen, mais och hier Integratioun op der Uni méi flott ze gestalten.

Back to Top