D’Europadeputéiert Mme Mady Delvaux war e Freiden, den 10. Februar bei eis op Besuch

Am Kader vun der Campagne de sensibilisation „Mir sinn derbäi“ war d’Europadeputéiert Mady Delvaux e Freiden, den 10. Februar bei eis am Lycée Michel Rodange op Besuch, fir de Schüler vun de Klassen 2D2, 2G2 a 1B Ried an Äntwert ze stoen. No enger kuerzer Präsentatioun vun den Europäeschen Institutiounen ass d’Madame Delvaux, déi selwer jorelang Franséisch- a Latäinsprof am LMRL wor, an enger entspanter Atmosphär op d’Froe vun de Schüler agang. Am Virdergrond stungen ënner anerem Theme wéi de Brexit, Rietsradikalismus an Europa, Politikverdrossenheet souwéi d’Zukunft vun Europa a vum Euro. Den Interessi vun de Schüler war grouss. Besonnesch gutt ukomm sinn awer och kleng Anekdoten, déi d’Madame Delvaux aus hirem Liewen als Europadeputéiert zu Stroosbuerg an zu Bréissel erzielt huet.

Back to Top