Charityrun 2018

Am Kader vun de Fuussendeeg huet den 20. Abrëll 2018 den traditionelle Charityrun stattfonnt, bei dem d’Schüler vu 7e bis 4e fir de gudden Zweck fläisseg Ronnen um Campus gelaf sinn an dobäi 7021 Euro gesammelt hunn. De Benefice ass ënner anerem un d’Associatiounen ALAN-Maladies rares an CSI- Entwëcklung duerch Bildung gaangen.

An dem Zesummenhang ass och de Benefice vum Chrëschtbasar den Associatiounen “Die Herberg Kinderhuis” an “Nadiezhda” iwerreecht ginn.

D’Scheckiwwerreechung mat de Vertrieder vun de jeeweilegen Associatiounen huet den 28. Juni 2018 am Lycée Michel-Rodange stattfonnt. Mir soen all de Persounen, déi zu dem Erfolleg bäigedroen hunn, nach emol villmools Merci.

Back to Top