Charity-Run

Den 19. Mee 2017 huet den Lycée Michel Rodange am Kader vun den alljäregen Fuussendeeg en Charity-Run organiséiert. Trotz ganz schwieregen Wiederkonditiounen hunn d’Schüler vun 7e bis 2ième sech net ënner kréien gelooss an hunn begeeschtert matgemaach. Nieft der normaler Course hunn si missen Geräter, Botten an Pneuen iwwerwannen.

Duerch Schülersponsoring konnt esou en impressionnanten Montant vun 12.000.- Euro fir d’Chaîne de l’Espoir Lëtzebuerg gesammelt ginn. Des Associatioun erméiglecht de Kanner an Entwécklungslänner spezifesch professionell medezinesch Ënnerstëtzung.

Iwwert dësen Wee wëllen mir den Schüler aus dem LMRL, esou wéi allen fläissegen Sponsoren e grousse Merci ausschwätzen!

Back to Top