Amsterdam 4M4

Amsterdam-4m4Mir, d’Schüler vun der  sinn dëst Joer vum 4. bis den 8.Juni op Amsterdam gaangen. D’Mme Droste, den Herr Köhler an den Herr Kollwelter waren matt eis an zesummen haten mir vill Spaß. Mir sinn donneschdes direkt no der Schoul fortgefuer an wou mir am Hostel ukomm sinn hunn mir och schonn direkt matkritt, dass mir wierklech zu Amsterdam wieren, an den Zëmmeren hunn mir nämlech dunn schonn direkt déi eng oder aner Iwwerraschung fonnt. An deenen Deeg duerno hunn mer eng Tour Guide ze Fouss duerch Amsterdam gemaach, waren eng Diamanten-Fabrik kucken, waren Geocaching an eng Grachtenfahrt maachen, an den Mme Tussaud an natierlech och en Musée kucken, den Rijksmuseum. Samstes an Sonndesmettes haten mir och Fräizäit an konnten alleng duerch Amsterdam goen. Een Owend konnten mir entweder an den Kino oder op den public viewing vum Fussball goen an déi aner Owender waren mir zesummen iessen, och eng Kéier an den HardrockCafé. Am Ganzen huet eis eis Rees ganz gutt gefall an mir waren all traureg vir rëm Heem.

Back to Top