Abenteuersport an de Bierger 2017

Sonndes de 25. Juni ass et mat eisen zwou 4ième Sportsklassen op Werfenweng gaangen. No der Busfaart hunn mir an eisem schéinen Hotel agecheckt.

Bei gudde Wiederbedingungen  stoung Méindes déi éischt Aktivitéit « Rafting » um Programm. Mat Schlauchbooter hunn mir probéiert déi wëll Salzach ze bändegen. Um Badesee direkt niewent eisen Hotel, ëmginn vun de Bierger, Beem, a glasklorem Waasser, hunn mir eis et Mëttes gutt goe gelooss. Natur pur! Ofgeschloss hunn mir den Dag mat enger spontaner Open Air Völkerballpartie.

 

 

Dënschdes sinn mir mat eise Guiden, ausgerüst mat Secherheetsseeler an Helmer, duerch dei wonnerschein Erliewnisschlucht gewandert. Hei hunn mir ganz interessant geologesch an historesch Erklärungen iwwer d’Entwécklung an d’Entstehung vun den « Salzachöfen » kritt. Den Highlight war dunn dei rasant 800m laang Flying Fox wou mir mat bis zu 60km/h iwwer d’Salzach « geflunn » sinn. Am Nomëtten hate mir en interessanten a witzege Quiz an eisem Hotel.

 

Mëttwochs stoung « Canyoning » um Programm. D’Virfreed war grouss, an eis Erwaardungen sinn iwertraff ginn! An enger wonnerschéiner, atemberaubender Naturkuliss hunn mir, ausgerüst mat Neoprener an Helmer, déi ganz Schlucht iwwer Fiels a Waasser bezwongen. Mir sinn geklotert, geschwommen, gerutscht, getaucht, souguer bis zu 9m héich Fielsen erofgesprongen. Donierwt sinn mir och nach gewandert, hunn bësse Fussball gespillt, sinn geschwommen an hunn eis gesonnt. Opgehalen huet dee spannenden Dag mat enger Wurscht vum Grill.

Op eisem leschten Daag hunn mir Salzburg besichtegt, wou mir op eng amusant Aart déi flott Stadt kennegeléiert hunn. Iwert e Rallye hunn mir Froen zu verschiddenen Denkmaler, Museen an aneren historeschen Sehenswierdegkeeten missen léisen. Duerno hunn mir d’Stadt nach bëssen onsécher gemaach: déi eng sinn iesse gaangen, déi aner hunn geshoppt. Am Nomëtten hunn mir nach ee klengen Abstecher an den Outlet gemaach. Owes stoung dunn déi laang ersehnten Disco um Programm, wou mir eis nach emol gutt konnten austoben.

 

Mir haten eng wonnerschéi Woch an de Bierger, mat engem ganz ofwiesslungsräiche Programm, wou mir d’Chance hate ganz vill Andréck ze gewannen.

 

Vir weider Impressiounen einfach um Facebook « Michel Rodange Fuussen » eis Video’en ukucken.

Back to Top